Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

preview_player
Показать описание
Traditionell geschitt d’Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch, dobäi ass ee vun de Paradigmen d’Bréckefunktioun vum Lëtzebuergeschen am Zykle 1. Donieft ginn et awer an der ëffentlecher Schoul och haut schonns Alternativen, nämlech am Europaschoulsystem.

Ronderëm d'Alphabetiséierung stelle sech vill Froen. Wéi en Afloss huet di fréikandlech Sproochefërderung op d’Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d’Lëtzebuergesch? Wat kréien d’Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee fir d’Alphabetiséierung ze begleeden?

Dës an aner Froen stinn de 24. Mäerz 2022 vu 14.30 bis 16.00 am Mëttelpunkt vun engem Webinaire, dee SCRIPT a radio 100,7 zesummen ubidden.

Am Studio sinn: d’Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training op der Uni Lëtzebuerg, d’Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire, d’Sarah Scholtes, Enseignante am Zykle 2 zu Schëffleng an de Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l’Enseignement Fondamental Suessem.

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren.

Рекомендации по теме